Emballages en Bois Kasel — Zréck op d'Startsäit
Këschten
op Mooss
Iwwerseeversand
CN · AU · NZ

Këschten op Mooss

Këschte fir de Séitransport vu Koffer, Glas, Aluminium a Maschinnen. Zou oder gelatt, no Gewiicht a Ladegutt.

Gestapelte Holzkëschte mat Kanthëlzer a Plattematerial.
Zeechnung vun enger zouener Exportkëscht mat Kuffen ënnen an dem IPPC-Stempel op der Säit.

Bauweisen

Zou

Voll beplankt. Fir Glas a fir alles, wat kee Stëbs a kee Reen verdréit.

Gelatt

Lattung mat Zwëschenraim. Méi liicht, wann d'Wuer selwer stabil ass. Typesch bei Maschinnen an Aluminiumprofiler.

Ladegutt

Koffer, Glas an Aluminium ginn am dackste iwwer d'Mier. Allen dräi stellen aner Ufuerderungen un d'Kuffen an un d'Fixéierung. Schreift eis dofir d'Gewiicht an de Schwéierpunkt dobäi.

Iwwerseeversand

Mir hunn den Agrément vum Service Technique de l'Agriculture fir d'Hierstellung vu Paletten a Këschten no den Importbestëmmunge vu China, Australien an Neiséiland.

Këscht konfiguréieren De Stempel